
D’Inflatioun louch am Juli op ee Joer gekuckt bei 6,8%, de Statec rechent mat 6,6% fir dëst Joer. Fir d’nächst Joer soll d’Inflatioun iwwerdeems mat 5,3% och däitlech méi héich leien, ewéi déi 2,8%, vun deenen de Statec am Mee nach ausgaange war.
Déi aktuell héich Inflatioun ass virun allem op d’Hausse vun de Spritpräisser zeréckzeféieren, als direkt Konsequenz vun der Hausse vun der Demande no Covid an dem Krich an der Ukrain, deen och méi laang dauert, ewéi een Ufanks vum Joer nach gemengt hat.
D’Ausbezuele vun der rezenter Tranche gouf op Abrëll reportéiert.
D’Regierung waart elo op nei Chifferen am September, dono dierft et eng weider Tripartite ginn, well wuel am Hierscht eng weider Indextranche theoretesch fälleg gëtt an e puer Méint drop nach eng.
Vum Konsumenteschutz ass et am Virfeld vun der nächster Index-Tripartite d’Fuerderung, dass et muss ophale mam Verloscht vun der Kafkraaft.