DiddelengDéif fält op der Flucht Portmonni aus der Täsch - séier gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend géint 19 Auer ass d'Police op een Déifstall zu Diddeleng geruff ginn.

E Mann an eng Fra hate sech iwwer eng Handy-App Rendez-vous ginn, fir ee Parfum ze tauschen. Ma de Mann hat net vir, der Fra eppes zeréckzeginn an huet amplaz esouwuel de Parfum, wéi och dem Affer seng Sue geklaut.

De Mann huet d’Been an de Grapp geholl an huet sech fort gemaach, ma him ass bei der Flucht säi Portmonni aus der Täsch gefall. D’Beamte sinn doropshi bei dem presuméierten Täter senger Adress laanschtgefuer an hunn do op hie gewaart. Kuerz drop ass de Mann doheem ukomm a gouf do vun de Beamte festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO