
Ënnert anerem war der Police en Abroch an en Haus zu Buddeler gemellt ginn. Hei hat een oder méi Täter Bijouen an aner Wäertgéigestänn matgoe gelooss.
An der Stad an der Ancienne Côte d’Eich war een oder méi Täter an eng Wunneng agebrach. Och hei goufe Bijouen an aner Géigestänn geklaut.
A béide Fäll war d’Spueresécherung op der Plaz an et goufen Ermëttlunge lancéiert.
Een Déif konnt awer gepëtzt ginn. Dat an der Rue Michel Rodange an der Stad. Hei hate Passanten e Mann dobäi erwëscht, wéi hie Saachen aus engem geparkten Auto klaue wollt. Déi alarméiert Patrull konnt de Verdächtegen nach op der Plaz pëtzen. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann protokolléiert.
Op hirem Site gëtt d’Police Rotschléi, wéi ee sech virun Abréch oder Déifställ aus Autoe schütze kann.