Um Samschdegowend an e Sonndeg an der NuechtD'Ekippe vum CGDIS ware bei zwee Accidenter an zwee Bränn am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Géint 2.20 Auer e Sonndeg de Moien ass et an der Tréierer Strooss vum Findel zu engem méi uergen Accident komm.

Zwou Persoune goufen hei blesséiert, ewéi en Auto an e Bam gerannt ass. Zwou Ambulanzen an de Samu aus der Stad waren am Asaz, grad ewéi d’Pompjeeë vu Sandweiler, aus der Stad a vum Findel. Um Sonndegmoien huet d’Police da matgedeelt, dass eng vun den zwou Persounen, déi am Auto souzen, den Accident net iwwerlieft huet.

E weideren Accident gouf et dann um 2.46 Auer op der N31 tëscht Beetebuerg a Léiweng. Hei hat sech eng Camionnette iwwerschloen. Et blouf beim Materialschued.

Donieft waren d’Pompjeeë schonn um Samschdegowend zwee Mol wéinst engem Feier am Asaz. Um 18.50 Auer hat zu Leideleng an der Rue de la Gare en Auto Feier gefaangen a géint 20.20 Auer hat eng Poubelle an der Rue de l’Eglise zu Fëschbech bei Miersch gebrannt. Béid Kéiere blouf et beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO