Zwillingsschwësteren nees doDem Anna a Yuliia geet et gutt

RTL Lëtzebuerg
D'Justiz deelt mat, dass déi 7 Joer al Zwillingsschwësteren, déi zanter e Samschdeg vermësst goufen, zu Tréier fonnt goufen.

Déi zwee Meedercher liewen an engem Kannerheem am Südweste vu Lëtzebuerg. Si goufen e Samschdeg géint 12 Auer vu Familljememberen, déi ee Besuchsrecht hunn, ofgeholl, fir op een Ausfluch ze goen. Si sinn duerno awer net méi zeréck an d’Heem bruecht ginn.

Wéi de Parquet matdeelt, hätten de medialen Appell, Indicen aus dem Public an Investigatioune vun der Police a vum zoustännegen Departement vum Parquet dozou gefouert, datt déi vermësste Persoune fonnt goufen. D’Schwëstere goufen e Méindeg den Owend zeréck an hiert Kannerheem am Südweste vum Grand Duché bruecht.

D’Enquête leeft.

Back to Top
CIM LOGO