Liberté Fräiheet: War do net eppes?Dem Roy Reding säi politesche Bëbee ass nach um Liewen

Marc Hoscheid
Eng Partei, déi een net op de Lëschte fir Europawalen am Juni fënnt, ass "Liberté Fräiheet", ma et gëtt se awer nach.

Den 9. Juni sinn Europawalen. Zu Lëtzebuerg stelle sech 13 Parteien, respektiv Beweegungen dem Wieler. Dat sinn der esou vill, wéi nach ni virdrun. Den Numm “Liberté Fräiheet”, déi Partei, déi de Roy Reding d’lescht Joer fir d’Chamberwale gegrënnt hat, feelt iwwerdeems op de Walziedelen. Ma dat heescht awer net, datt et d’Partei net méi gëtt.

D’Partei Liberté Fräiheet ass nach um Liewen (Reportage Marc Hoscheid)

Et wier vill geschitt zanter de Chamberwalen, et hätt ee sech dacks getraff a mateneen diskutéiert. Dat seet d’Presidentin vu Liberté Fräiheet, Béatrice Clement. De Roy Reding ass zwar nach Member an der Partei, wierkt awer éischter aus dem Hannergrond eraus. An den Diskussioune goung et och doriwwer, ob ee bei den Europawalen untriede soll. Um Enn wier een awer zur Decisioun komm, dat net ze maachen.

“Mir sinn eng jonk Partei a mir hunn immens laang driwwer diskutéiert, a mir sinn eis alleguerten unanime eens ginn, datt mir eis Partei besser musse kenneléieren a Kredibilitéit bei de Leit dobausse musse kréien. An datt mer eise Programm wierklech kënne virstellen an da kënne mer an déi nächst Walen eragoen. Well Europawale sinn immens wichteg Walen, an do kann een net egal wat maachen.”

Gefrot, ob d’Europawalen da méi wichteg wéi d’Chamberwale wieren, huet d’Béatrice Clement gemengt, datt alles wichteg wier. Ma et hätt een ze vill Aarbecht hei am Land ze maachen, fir sech och nach op d’Europawalen ze konzentréieren. Déi gréissten Erausfuerderunge wieren de Logement, d’Sécherheet, d’Mobilitéit, de Klima an d’Energie. Et hätt een och schonn deels Léisunge fir d’Problemer, zum Beispill beim Logement.

“Si bauen nëmmen op véier Stäck. Wat kann een op véier Stäck u Leit derbäisetzen? Net vill. Mir hu geduecht, komm mir maache 15 bis 20 Stäck. Et muss awer schéi sinn, et muss grouss genuch sinn, datt d’Leit net op 50 Quadratmeter gedréckt sinn. Mir mussen de Marché fräi loossen, datt jiddereen denke kann, ech wëll an dat Appartement oder Haus eragoen, méi Appartementer. An dann, bien entendu, d’Autoe solle bëssi méi Plaz hunn, mir wëllen ënnerierdesch Parkingen hunn, datt d’Autoen nuets net méi op der Strooss parken, do besteet och d’Gefor, datt se geklaut ginn.”

Bei der Stroumproduktioun géing een iwwerdeems ganz vill op déi nuklear Schinn setzen. Photovoltaikanlagen a Wandrieder géingen einfach net genuch Energie liwweren. Wat déi no Zukunft betrëfft, wëllt Liberté Fräiheet kuerz no den Europawalen op eng Pressekonferenz invitéieren.

Back to Top
CIM LOGO