
D’Organisatioun SoriiaLina hat zu der Demo opgeruff. Dat fir op déi aktuell Situatioun vu syreschen Asyldemandeuren opmierksam ze maachen. Zanter der Chute vum Assad-Regimm a Syrien Ufank Dezember huet d’Lëtzebuerger Regierung, wéi aner EU-Memberstaaten och, decidéiert, d’Asyldemande vu syresche Migranten bis op Weideres net ze traitéieren.
Ronn 800 Dossiere vu syreschen Asyldemandeure ginn den Ament net traitéiert. Och nei Demandë ginn direkt en suspens gesat. Dozou den Inneminister Léon Gloden rezent an engem RTL-Interview.
“Well wa mer ganz streng géifen dat kucken, déi si komm well se vum Assad poursuivéiert gi sinn. Deen ass elo net méi do. Da misst ech am Fong ganz streng geholl soen, et ass kee Motiv do méi fir Asyl. Dat wëlle mer net. Dofir hunn och déi aner europäesch Länner déi Demanden en suspens gehalen.”
Den Haaptorganisateur vun der Maniff, Mohammed Harer, rifft d’Lëtzebuerger Regierung dozou op, déi Decisioun réckgängeg ze maachen.
“On est venu ici pour demander au Ministère de reprendre le traitement des dossiers des syriens qui sont suspendus depuis quelques mois. On trouve que cette décision de suspendre les dossiers ce n’est pas juste. Parce que les gens attendent une décision depuis deux ans ou plus.”
Dorënner och den Abdul Hamid, dee seng Demande fir Asyl virun zwee Joer gemaach huet.
“J’ai envoyé en email à la Direction de l’immigration, elle n’a rien répondu. J’étais chez mon avocat aussi, il m’a dit, j’en sais rien. Et l’assistante sociale aussi, elle ne sait rien. Donc je dis, qui sait où est mon dossier?”
Änlech Wierder vum 12 Joer alen Barakat:
“Je suis allé partout. Ils me disent, va voir une autre personne. J’ai demandé à l’assistante, elle ne sait pas. L’avocat ne sait pas. Et ici ils disent, attend. Et on attend, on attend, on attend. Et ils ont fermé la porte.”
Waarde mécht och den 22 Joer ale Mohammed. Hie wier mat Ambitiounen op Lëtzebuerg komm an hätt gehofft kënne weider ze studéieren.
“Mee den Ament muss ech vill Hürden iwwerwannen, fir iwwerhaapt kënnen op d’Uni ze goen. Dat mécht et heiansdo schwéier ze schlofen. Mir wënschen eis vum Ministère a vun de Leit, datt mer Äntwerte kréien, firwat et esou laang dauert, a firwat mer esou higehale ginn.”
Zeréck a Syrien goen, ass fir de jonke Student de Moment keng Optioun. Et wier nach ëmmer net sécher a vill Infrastrukture wiere komplett zerstéiert. Hien hätt genuch Onsécherheet an Instabilitéit erlieft a wéilt endlech een normaalt Liewe féieren.