
Mat Ausnam vun de Covid-Jore war de Wuesstem vun der Populatioun zejoert mat deen niddregste vun de leschten zéng Joer. Méi wäit no hanne gekuckt huet sech d’Zuel vun Awunner zanter Ugangs den 80er Joren, also bannent manner wéi 45 Joer mat iwwer 84 Prozent bal verduebelt.
Wat déi 672.000 Leit op den éischte Januar betrëfft, esou sinn d’Männer mat ëm 338.000 liicht an der Majoritéit. Bei der Liewenserwaardung leien d’Damme mat 85 géint 81 Joer vir.
47 Prozent vun alle Leit am Land hunn déi Lëtzebuergesch Nationalitéit.
D’Populatioun wiisst zu Lëtzebuerg haaptsächlech duerch d’Migratioun. 27.000 Leit sinn deemno an d’Land erakomm, dat sinn der 10.000 méi wéi déi, déi ausgewandert sinn. Bei der Immigratioun waren et 60 Prozent EU-Bierger mat virop Leit aus Portugal, 10 Prozent soss aus Europa, 12 Prozent Asiaten an och ronn 12 Prozent Afrikaner.
Pro Quadrat-Kilometer wunnen hei am Land 260 Persounen.
Et goufen 6.320 Gebuerten a 4.431 Stierffäll.
D’demographesch Entwécklung vum Land.
