
Dat deelt de Statec e Méindeg mat. Domat ass den Taux géigeniwwer 2022 ëm 1,5 Prozentpunkte geklommen, an dat obwuel d’Revenue vun de Menagen eropgaange sinn an et eng Rei Indextranche gouf.
Virun allem Leit ënner 18 Joer an elengerzéiend Eltere wiere vum Aarmutsrisiko betraff. 30.000 Kanner, also ronn ee Kand op 4, géinge riskéieren, an Aarmut ze liewen, esou nach de Statec. Fir Kanner läit den Taux bei 23,9%. Bei Leit iwwer 60 Joer wier den Taux 11%. Den nationale Statistik-Institut schreift weider, datt de Liewensstandard vun den 20 räichste Prozent vun de Lëtzebuerger Residenten 4,8 Mol méi héich wier ewéi dee vun den 20 äermste Prozent.