
Hien hätt selwer decidéiert, fir auszetrieden, dat sot en Dënschdeg de Moien d’ADR-Presidentin Alexandra Schoos am Interview um Radio 100,7.
D’lescht Woch hat de Mann, deen och ADR-Kandidat bei de Gemengewalen d’lescht Joer zu Diddeleng war, op Facebook, ënnert engem Artikel vun RTL kommentéiert, dass, sënngeméiss: och mol Lénker sollten erstach ginn. Doropshi gouf et vill Kritik.
Notamment huet d’Porte-Parole vun Déi Lénk, d’Carole Thoma, an hiren Numm Plainte gemaach.