
Et handelt sech ëm de Produit “200G DLL Pistaches”, deen tëscht dem 7. Februar an dem 15. Mäerz dëst Joer verkaf gouf. Bei rezente Kontrolle wier en ze héije Gehalt vum sougenannten Aflatoxin an de Pistasche festgestallt ginn.
De Produit gouf antëscht iwwerall aus de Rayone geholl, ma déi Leit, déi an deem Zäitraum dee Pak Pistasche kaf hunn, solle en zeréck an de Buttek bréngen.