
Ënnert anerem, well dësen Text mat Hëllef vun engem Jurist vun der CGFP ausgeschafft gouf a well domat e Retour fir de fréiere President Pascal Ricquier op deem Posten onméiglech gi wier, huet dëse senger Nofollgerin Marlène Negrini reprochéiert, hir Muecht wëllen ze consolidéieren.
Dee Reproche gëtt per Communiqué vum aktuelle Comité vun der SNPGL widderholl. D’Marlène Negrini hat dës Virwërf an engem Interview um Radio 100,7 scho vu sech gewisen. Si hätt just wëllen dofir suergen, datt déi Leit op de Spëtzeposten an der Gewerkschaft de Lien zu der Realitéit vun den aktive Polizisten net verléieren. Ausserdeem hätt dës Statutenännerung jo nach vum ganze Comité mussen ofgeseent ginn.