
Nom Krich huet den Elie Kryloff säi Liewe laang dofir gesuergt, datt d’Memoire erhale bleift. Hien ass e Méindeg schonn am Alter vun 93 Joer gestuerwen.
Fir d’Lëtzebuerger Arméi war de Koreakrich dat éischt Engagement am Kader vun enger UNO Friddensmissioun. 85 Lëtzebuerger waren tëscht 1950 an 1953 un der Säit vun der Belsch an Ostasien am Asaz. Zwee ënnert hinnen hunn d’Missioun net iwwerlieft, 17 goufe blesséiert.
Virun dräi Joer ware fënnef Veteranen, ënnert hinnen den Elie Kryloff, mam Titel vum Caporal d’honneur ausgezeechent ginn.