Regulatiounsinstitut ILRDen Ëmsaz bei de Post-Zerwisser louch zejoert bei 209 Milliounen Euro

RTL Lëtzebuerg
Dat ass ee Plus vun 8% géigeniwwer leschtem Joer, esou en neie Rapport vum Regulatiounsinstitut ILR fir d'Joer 2023.

De Courrier mécht 115 Milliounen aus, wat eng Hausse vun 10% bedeit. Bei de Päck sinn et knapp 95 Milliounen an domat 5% méi wéi d’Joer virdrun. A punkto Unitéite goufe 6% manner Bréiwer verschéckt. Bei de Päck waren et 10% méi. Am Secteur schaffen 2.000 Leit, dovunner 2/3 bei der Lëtzebuerger Post.

PDF Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO