
Duerch de Vertrag goufe stationär Grenzkontrollen ofgeschaaft an et war den Ufank vum haitegen europäesche Bannemarché. 2010 huet de Musée européen Schengen seng Dieren opgemaach. Just 14 Joer méi spéit gëtt de Musée vum 21. Mee u komplett erneiert, an dat nawell ënnert engem gewëssen Zäitdrock.
De Musée soll seng Dieren nämlech spéitstens de 14. Juni d’nächst Joer, also fir de 40. Anniversaire vum Schengener Ofkommes, nees opmaachen. D’Gemeng Schengen huet 17,7 Milliounen Euro fir d’Aarbechte virgesinn, de gréissten Deel dovunner kritt se vum Staat rembourséiert. Et kann ee sech d’Fro stellen, firwat de Musée no grad emol 14 Joer komplett renovéiert muss ginn. D’Martina Kneip, Direktesch vum Europa Musée zu Schengen, erkläert.
“De Musée ass zimmlech multimedial, dat heescht, mir hu vill Computeren etc. Verschidde Saachen, déi technescher Aart sinn, mussen onbedéngt erneiert ginn, well déi einfach ze al sinn, déi funktionéieren net méi richteg. Dat ass déi eng Säit. Déi aner Säit, an déi ass eigentlech vill méi wichteg, ass, d’Zäiten hu sech och geännert. Am Joer 2010 war d’Welt eng aner, wéi se haut ass, och wa mer un d’Grenzen denken. Op der enger Säit, natierlech huet d’EU sech verännert, et si Länner bäikomm, fortkomm.”
An och de Schengenraum hätt an der Tëscht weider Membere bäikritt. Dobäi kéim, datt d’Leit eng aner Perceptioun vun oppene Grenzen hätten. Dat zum Beispill bei der Migratiouns- a Coronakris. Et wéilt een esouwuel déi positiv, wéi och déi negativ Aspekter beliichten. Virum Hannergrond vum Ukrainkrich wäert och den Aspekt vum Fridden eng méi wichteg Roll anhuelen. Beim neie Konzept setzt een iwwerdeems net just op d’Vermëttlung vun haarde Fakten.
“An der Mëtt vum Musée wäert ee Cube sinn, dee geet bis ganz ënnert de Plaffong. Do kann een eragoen an do ass da bëssi een immersiivt Erliefnis. Also do sinn et dann net déi haart Fakten, mee do geet et éischter drëms, datt Leit erklären, wat hu se dovunner, datt se am Schengenraum sinn, wa se souwisou am Schengenraum liewen zum Beispill oder Leit vu baussen. Datt een do bëssi vun alle Säiten, am Fong keng Informatiounen, mee Impressioune kritt.”
Ee wichtege Bestanddeel vum neie Musée wäert d’Marie-Astrid 2 sinn. D’Schëff kënnt op déi Plaz op der Musel, wou am Moment nach den Tourist-Info ënnerbruecht ass. Op der Marie-Astrid 2 gouf 1985 dat éischt an 1990 dat zweet Schengener Ofkommes ënnerschriwwen. Nodeems et 1991 ersat gi war, ass et an Däitschland verkaf ginn, wou et vun 1992 bis 2021 als MS Regensburg op der Donau am Asaz war. Elo soll den ieweschte Stack wéi e Musée amenagéiert ginn, wärend ënne Plaz fir Wanderausstellungen entstoe soll. De Musée an d’Schëff sollen engersäits kompatibel sinn, anerersäits awer och onofhängeg vunenaner funktionéiere kënnen.