
Zanter mëttlerweil bal zwee Joer gëtt et zolidd Kritik un der Gouvernance vun dëser ASBL. Den Interessekonflikt tëscht der privater Firma GGM11 vum Nicolas Didier an der ASBL Luxembourg Science Center, wou den Nicolas Didier och als Direkter an als President vum Verwaltungsrot agéiert, ass elo – wéi et schéngt - endlech opgeléist.
Et hätt een zwar ee Joer verluer, ma trotzdeem wier ee weiderkomm, sot den Educatiounsminister Claude Meisch.
“Et ass esou, dass déi Leit integréiert ginn, déi an där Firma [GGM11, ndlr] schaffen a fir de Science Center ëmmer indirekt geschafft hunn, déi schaffen elo direkt ënner der ASBL. Dat war eis Propose. An et ass esou, dass mer och ëmmer gesot hunn, wann dat net méiglech ass, well de Proprietär vun där Firma, nämlech den Nicolas Didier, dat net wëll, da maache mer Proposen, fir jiddereen eenzel z’iwwerhuelen. Finalement ass et awer zu engem Alenke komm an d’Leit kënne weiderschaffen op deem flotte Projet, dee se mat opgebaut hunn.”
D’Firma GGM11 vum Nicolas Didier hat als eenzege Client jo de Science Center, wou den Nicolas Didier Direkter a President vum Verwaltungsrot war. Wéi geet et mat deem Personnage weider?
“Ech hunn Iech ëmmer gesot, dass ech net de Porte-Parole si vum Nicolas Didier, nach vum Luxembourg Science Center a sécherlech net vun der GGM11. Ech hu festgestallt, dass hien net méi Member vum Conseil d’administration ass. An ech denken, dass och meng Recommandatioun ass, dass hie sech soll zeréckzéien [als Direkter vun der ASBL Science Center, ndrl.] an eng nei Ekipp do schaffen loossen.”
Mëttlerweil sëtzen dann och zwee Vertrieder vun der Regierung am neie Verwaltungsrot vum Science Center. Eng Persoun aus dem Educatiounsministère an ee Vertrieder aus dem Finanzministère. Donieft gëtt et eng nei Konventioun mat der ASBL.
“Et ass eng nei Konventioun ënnerschriwwe mat enger Lafzäit bis d’nächst Joer. Fir entretemps awer sécherlech och nach eng Kéier dat eent oder dat anert kënnen am Detail ze kucken mat der neier Struktur, mat deem neie Verwaltungsrot an hoffentlech och mat enger neier Direktioun kënne weiderzeschaffen.”
Déi nei Konventioun kascht de Staat knapp ënner 3 Milliounen Euro d’Joer. Domat gëtt de Fonctionnement vum Science Center garantéiert an all d’Leit kréien eng sécher Pai. De Science Center géing zwar een Entréespräis froen, mee kéint sech domat awer net selwer finanzéieren, erkläert nach de Claude Meisch.