10.000 Euro gewonnenDen Jamie Ley ass de Gewënner vun "Take Off"

Olivier Catani
An der Finall huet den Jamie Ley géint d'Polina Kavunenko gewonnen. Hien ass domat de Gewënner vun der éischter Science Challenge Show zu Lëtzebuerg.
Den Jamie Ley ass de Gewënner vun "Take Off"
An der Finall huet den Jamie Ley géint d’Polina Kavunenko gewonnen. Hien ass domat de Gewënner vun der éischter Science Challenge Show zu Lëtzebuerg.

Dem Schüler aus dem Dikrecher Lycée seng Rube Goldberg Maschinn huet funktionéiert. An domat gewënnt hien de Geldpräis vun 10.000 Euro.

Den Jamie ass op enger 3ème B. Och am Lycée war “Take Off” déi lescht Wochen natierlech en Thema. Den Jamie gouf awer net just am Lycée op säi Parcours bei “Take Off” ugeschwat. Hien huet och scho missen am Supermarché Fotoe mat Fans maachen.

Am Reportage erzielt den Jamie wéi “Take Off” hie verännert huet, wat him un der Show esou gutt gefall huet a firwat ee sech onbedéngt soll fir déi zweet Staffel umellen.

All d’Episode vun der éischter Staffel vun “Take Off” - der Science Challenge Show zu Lëtzebuerg - kënnt Dir op RTL Play kucken.

Back to Top
CIM LOGO