
Den Déifferdenger LSAP-Schäffe Fred Bertinelli ass am Alter vun 63 Joer gestuerwen. Am aktuelle Schäfferot war de Fred Bertinelli zoustänneg fir de Verkéier, d’Mobilitéit, déi wirtschaftlech Entwécklung an d’Ekologie.
De Fred Bertinelli war iwwer zwee Joerzéngte Conseiller a Schäffen a senger Gemeng a war donieft ganz engagéiert am Beräich vum Sport. Hie war 30 Joer laang President vum Karate Club Déifferdeng a war tëschent 2014 an 2018 och President vun der FLAM, der nationaler Federatioun vun den Arts Martiaux.