LuxairportDen Niwwel hat Repercussiounen op de Fluchverkéier zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
D'Wiederkonditiounen hunn e Sonndeg am Nomëtteg fir Probleemer um Findel gesuergt.
© Domingos Oliveira / RTL (Archiv)

Wéinst dem Niwwel ass et zu Retarde bei de Landungen an den Departe vun de Fligere komm.

Verschidde Maschinnen hunn och missen op aner Fluchhäfen ëmgeleet ginn, wat dozou gefouert huet, datt Réckflich vu Lëtzebuerg aus hu missen annuléiert ginn. Dat huet ons Luxairport op Nofro hi confirméiert.

Back to Top
CIM LOGO