
E Gesetz, wat kloer d’Recht op Manifestatiounen ënnerdrécke soll. Mam Gesetzestext wieren awer och Migranten am Viséier, wat de Lëtzebuerger Gewerkschafte Suerge mécht.
D’Gesetz soll donieft zum Beispill erméiglechen, datt schwanger Fraen oder Mammen vu Kanner ënnert engem Joer kënnen an de Prisong gesat ginn. Wat awer nach méi beonrouegend wier, wier datt Delikter vun ëffentleche Verwaltungen ofgeschaf solle ginn, déi dacks en lien mat Korruptioun sinn.