Nora Back op 1.-Mee-Feier"Den OGBL ass elo déi Lëtzebuerger Gewerkschaft, un där kee laanscht kënnt"

RTL Lëtzebuerg
D'Nora Back huet op der 1.-Mee-Feier vum onofhängege Gewerkschaftsbond an der Abtei Neimënster vu staarke gewonnene Sozialwale geschwat.
1. Mee-Feier vum OGBL
D’Nora Back huet op der 1.-Mee-Feier vum onofhängege Gewerkschaftsbond an der Abtei Neimënster vu staarke gewonnene Sozialwale geschwat.

“Den OGBL ass elo déi Lëtzebuerger Gewerkschaft, un där kee laanscht kënnt” - dat sot d’Presidentin vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Nora Back e Mëttwoch de Moien an der Abtei Neimënster. Eng 600 Leit hate sech do fir d'1.-Mee-Feier vum OGBL versammelt.

D’Nora Back huet vu staark gewonnene Sozialwale geschwat mat 61 Prozent vun de Stëmmen. Dat Resultat solle souwuel d’Regierung, wéi och déi aner Gewerkschafte sech virun Aen halen, sou de Message vun der OGBL-Presidentin. No der Fusioun mam Landesverband dëst Joer huet d’Nora Back och weider fir eng Eenheetsgewerkschaft plädéiert.

Kritik gouf et ënnert anerem un d’Adress vun de Bankevertrieder ABBL, déi sech an den aktuelle Kollektivvertragsverhandlunge géint Lounerhéijunge géinge wieren, obwuel d’Banke Rekordgewënner géinge maachen. D’Virgoe vun der Firma Tarkett, no engem Plan de maintien dans l’emploi e Sozialplang unzekënnegen, wier inakzeptabel, de Geck gemaach mam Sozialdialog an e Mëssbrauch vun ëffentleche Gelder. D’Politik misst reagéieren, fir dass dat net méi kéint geschéien.

De Steiersystem misst méi gerecht ginn a steierlech Entlaaschtunge fir d’Leit, déi zanter Joerzéngte géinge versprach ginn, missten endlech kommen. D’OGBL-Presidentin huet kritiséiert, d’Regierung géing de Betriber weider steierlech Kaddoe maachen, sech beim Entlaaschte vun de Privatleit awer Zäit loossen. Den OGBL fuerdert en neie Steierbarème, bei deem niddereg a mëttel Akommes manner a méi héich Akommes méi Steiere bezuelen an de Mindestloun steierfräi bleift. An d’Regierung misst d’automatesch Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun dréngend ëmsetzen.

D’Nora Back huet fir méi Gerechtegkeet fir Frontaliere plädéiert, déi vu ville Leeschtungen ausgeschloss wieren, an de Finanzminister opgeruff, Kloerheet ze schafen am Steierofkommes mat Däitschland. Wann een eng staark Wirtschaft zu Lëtzebuerg wéilt, misst een dann och Aarbechtskonditioune schafen, déi attraktiv genuch sinn, fir dass nach Leit heihinner schaffe kommen.

D’Nora Back huet dann annoncéiert, datt den OGBL bereet wier, fir d’Pensiounen op d’Strooss ze goen - dat nodeems d’Sozialministesch Martine Deprez am Ufank vun der Legislaturperiod eng Reform an Aussiicht gestallt huet.

An der Wunnengspolitik géingen déi falsch Akzenter gesat ginn - d’OGBL-Presidentin huet do vun “neie Steierkaddoe fir déi, déi vill Geld hunn”, geschwat.

Back to Top
CIM LOGO