Fréierkennung bei Daarmkriibs am "Bloe Mäerz""Den Test ze maachen, heescht all d'Chancen op senger Säit hunn"

RTL Lëtzebuerg
Sou heescht déi aktuell Campagne vum Gesondheetsministère, mat där ee weise wëll, wéi wichteg d'Fréierkennung bei Daarmkriibs ass.
© Emma Felgen

Am Kader vum sougenannte “Bloe Mäerz” gëtt dëse Mount elo besonnesch sensibiliséiert. D’Emma Felgen huet mat der Cheffin vum Koordinatiounszentrum fir de Kriibsdepistage geschwat.

Fréierkennung bei Daarmkriibs am “Bloe Mäerz” / Reportage Emma Felgen

10% vun alle Kriibsaarten ass Daarmkriibs. Der Weltgesondheetsorganisatioun WHO no déi drëttheefegst an zweetdéidlechst Kriibsaart op der Welt. Zu Lëtzebuerg huet d’Santé zanter 2021 300.000 Invitatioune rausgeschéckt, fir beim Depistageprogramm matzemaachen a Stullanalysen am Labo ze maachen. Mä de Retour war éischter niddreg.

Dobäi wier dee sougenannte FIT-Test ganz einfach doheem ze maachen. Eng genee Beschreiwung fënnt een och um Site vun der Santé an et kritt ee se och natierlech mam Testkit an der Apdikt mat.

D’Fanny Lorin, organiséiert dëse Programm an erkläert d’Zil dohannert :

“Donc, le but est de proposer un test qui ne soit pas invasif, qui ne fait pas prendre de risques. Et donc là, le test, qu’on appelle le test FIT, donc de recherche de sang dans les celles, il est parfait pour ça. Parce que c’est un test très simple, qui peut être fait à la maison, on prend son temps, c’est parfaitement hygiénique et il n’y a aucune préparation à voir. La coloscopie, il y a un certain régime alimentaire à voir avant, il y a une préparation à boire pour que les intestins soient propres. Là, le test FIT vous pouvez avoir mangé de la viande rouge juste avant, ça n’a aucune importance puisque de toute façon, le test sait faire la différence entre l’hémoglobine humaine et l’hémoglobine, que vous pourriez avoir en ayant mangé de la viande par exemple avant.”

De Programm ass u Persounen tëscht 45 a 74 Joer geriicht, déi bei der CNS affiliéiert sinn.

Trotz dem sou einfachen Test läit d’Participatioun vun den Depistage-Tester hei am Land bei nëmmen 28% an domat ënnert der europäescher Moyenne vun 36%. D’Fanny Lorin erkläert sech dat duerch e Manktem un Opklärung, mä awer och der Angscht, ee positiven Test zeréckzekréien.

Dat wieren awer keng Grënn, den Test net ze maachen:

“Quand on a un outil simple à disposition pour pouvoir anticiper, prendre soin de sa santé, même si oui, il y a toujours cette crainte de trouver quelque chose. C’est quelque chose qui normalement sera soignable et ça relativement facilement, donc il faut vraiment le prendre à temps, faire bien le dépistage tous les deux ans tant le test est négatif. Si le dépistage est positif, pas de panique, ça ne veut pas forcément dire qu’on a le cancer, ce n’est qu’une alerte.”

Bei engem positive Resultat soll een direkt bei säin Dokter goen. Wann Daarmkriibs fréizäiteg erkannt gëtt, ass en an 9 vun 10 Fäll ze heelen.

Plakater, Campagnen op de sozialen Netzwierker sou ewéi Informatiounsstänn si weider Aktiounen, déi am “Bloe Mäerz” geplangt sinn.

© Emme Felgen

Back to Top
CIM LOGO