Nei Dikrich, nee dat ass keen neie Pendant vum Volleksfest Al Dikkrich, sou hunn déi Gemengeresponsabel de Projet vun der Neigestaltung vum Stadkär iwwerschriwwen. Datt de Kanal an aner ënnerierdesch Infrastrukturen an der Foussgängerzone erneiert musse ginn, dat ass zu Dikrech scho länger gewosst, elo géing een d’Saach endlech ugoen, esou de Buergermeeschter Charel Weiler. Et wéilt ee sech awer net dorobber beschränken, just d’Strooss op- a rëm zouzemaachen.
“Mir ginn eisem Stadkär een neit Gesiicht, ee modernt Gesiicht an do war et fir eis evident, datt mer d’Leit mat abannen. Well et ass och d’Foussgängerzon an d’Groussgaass vun de Leit, dofir solle se och mat participéiere kënnen. Mir haten eng Informatiounsversammlung, dono hate mer eng Onlinebefroung, déi actuellement och nach leeft.”
An dat nach bis den 31. Mee. Et goufen och zwee Tier duerch de Quartier organiséiert, bei deenen déi Responsabel a Mataarbechter vun der Gemeng mat interesséierte Bierger duerch den Zentrum getrëppelt sinn an Explikatioune ginn hunn. Zudeem konnten d’Leit och hir Iddie mat abréngen. Et ginn och eng Partie Workshoppe mat spezifesche Gruppen organiséiert, dorënner och d’Geschäftsleit.
“Et ass kloer, datt wann een d’Groussgaass oprappe geet, datt do d’Geschäftsleit natierlech Suergen a Bedenken hunn. Dofir maache mer de Workshop och mam Geschäftsverband. Dat, fir souwuel hir Iddie wéi och hir Suerge matzekréien. A fir entgéintzewierken, datt mer och beispillsweis op der Liberatiounsplaz lo vläicht net am Summer oprappe mee éischter am Wanter. An et ass och kloer, datt mer dat a Phase musse maachen. Datt mer net op ee Coup déi ganz Groussgaass oprappe ginn, ech mengen, datt dat evident ass.”
Bis Enn des Joers wéilt een ee Projet hunn, deen dann op enger Versammlung presentéiert soll ginn. Wéi laang d’Aarbechten am Ganzen ongeféier dauere kéinten, doriwwer wëll de Buergermeeschter aktuell näischt soen. Anescht gesäit et mam geplangte Chantier an der Kléck aus, wou d’Infrastrukturen och erneiert musse ginn. Hei wäerten d’Baggeren am September urullen an d’Aarbechten dierften ongeféier zwee Joer daueren.
Wien un der Online-Ëmfro deelhuele wëllt, hei de Link zur Internetsäit: