Zanter dem Ufank vum Joer gëtt konkret iwwert eng Reguléierung diskutéiert. Dës Woch huet sech och déi zoustänneg Chamberkommissioun mam Sujet befaasst. Et läit e Plang um Dësch.
Aus der Béchs eraus. Zack tëscht d’Lëps an Zännfleesch. Weder Briquet nach e Vape gëtt gebraucht, fir de néidegen Nikotin-Kick. Besonnesch dat mécht den “All-White Snus” esou populär. De Problem: Lëtzebuerg hänkt bei der Regulatioun hannendrun. Den original “Snus” - mat Tubak - gouf längst verbueden. Déi wäiss Nikotin Versioun awer ass mëttlerweil besonnesch bei Mannerjärege beléift.
Margot Heirendt, Direktesch – Kriibs Fondatioun:
“Ech weess och, datt op Plazen dëse Produit deels einfach un déi Jonk verdeelt gouf. Ech fannen dat einfach skandaléis. Mir schwätzen hei vu puerem Nikotin. Ech hunn och scho vu Proffen a Schoulmeeschteren héieren, datt hir Jonk mëttlerweil schonn an der Schoul mat engem Nikotinsäckelchen ënnert der Lëps am Cours sëtzen. Dat mécht eis wierklech Suergen.”
Et si – generell – 10 Milligramm Nikotin pro Säckelchen. Ongeféier 10 mol méi ewéi den Nikotin-Dosage an enger Zigarett. Ma ofhängeg vum Produzent kann d’Konzentratioun vum wäisse Pudder staark variéieren. An deem Kontext gouf der zoustänneger Chamber-Kommissioun dës Woch e Reglementatiounsprojet virgestallt.
Martine Deprez, Gesondheetsministesch:
“Mir wäerten d’Nikotinsäckelcher d’nämmlecht reglementéieren ewéi d’Zigaretten. De Produit däerf net u Clienten ënner 18 Joer verkaf ginn. Et dierf keng Pub gemaach ginn a se dierfen och net méi iwwerall consomméiert ginn.”
Esou zum Beispill och an de Schoulen. De Lëtzebuerger Produzent vum wäisse “Snus” begréisst eng generell Regulatioun vun de staark doséierte Produiten. Zanter knapp 2 Joer ginn d’Säckelcher hei vun enger Duechtergesellschaft vun Heintz van Landewyck produzéiert.
Georges Krombach, Chief Commercial Officer – Heintz van Landewyck:
“Et ass e Produit, deen op kee Fall an d’Hand vu Mannerjärege soll falen. Et ass e weltwäiten Trend, de Snus. Et ass en Trend, deen net méi opzehalen ass. Et kritt een en online iwwerall ze kafen. Et ginn honnert dausend Sitten. A Frankräich ass e fräi ze kréien. An Däitschland gëtt e weider ënnert der Théik verkaf. Et ass en Trend, deen net méi opzehalen ass. Grad dofir si mer fir eng streng Regulatioun a Saache Nikotin-Gehalt. A Saachen Ouverture vum Produit. A virun allem soll eng Accise drop sinn. An et soll een en och just an Zeitungs- an Tubaksbutteker ze kafe kréien.”
Mat der neier Reglementatioun soll just nach en Nikotingehalt vun 0,048 Milligramm erlaabt sinn. D’nämmlecht ewéi an Däitschland. Hei fält de Nikotinsäckelchen ënnert Liewensmëttelregulatiounen.
“Eng Zigarett huet ongeféier 1 Milligramm un Nikotingehalt. Wann een elo e Nikotinsaack op 0,048 Miligramm reduzéiert dann ass dat eng de facto Prohibitioun vum Produit. Domat ass de Produit offiziell zu Lëtzebuerg dout.”
De Produit wier, esou den Hiersteller, bei wäitem manner gesondheetsschiedlech ewéi Zigaretten. Vum Gesondheetsministère geet awer eng Warnung eraus. De Suchtrisiko an de Risk duerno op aner Tubaksproduiten ëmzeklammen, wier grouss.
Martine Deprez, Gesondheetsministesch:
“De Produit ass eigentlech fir jidderee problematesch. Den Nikotingehalt ass awer extreem héich. A wat een e Säckelche méi laang am Mond huet, wat d’Konzentratioun méi héich gëtt. Do gëtt ofhängeg dovunner.”
A 15 Länner uechter d’EU gëtt, respektiv gouf, de wäisse “Snus” aktuell reguléiert. De Lëtzebuerger Produzent regrettéiert awer, datt dat grad zu Lëtzebuerg bis ewell net mat der lokaler Industrie geschwat gouf. Et géif ee riskéieren, de Schwaarzmaart mat der Regulatioun, ewéi se aktuell diskutéiert gëtt, ze promouvéieren.