DaarmkriibsDepistage elo scho vu 45 Joer un

RTL Lëtzebuerg
Daarmkriibs gehéiert zu den dräi heefegste Kriibszorten. An zu deenen déidlechsten. Ëmmer méi Jonker si betraff.
Daarmkriibs-Depistage elo scho vu 45 Joer un
Daarmkriibs gehéiert zu den dräi heefegste Kriibszorten. An zu deenen déidlechsten. Ëmmer méi Jonker si betraff.

Daarmkriibs gehéiert zu den dräi heefegste Kriibszorten. An zu deenen déidlechsten. Ëmmer méi Jonker si betraff. D’Fréi-Erkennung erhéicht d’Heelungschancen. D’Santé invitéiert zanter kuerzem schonn d’Leit vu 45 Joer un um Depistage deelzehuelen. Virdrun huet dëse sech u Persoune vu 55 Joer u geriicht.

An Europa wéi an den USA observéiert een, datt ëmmer méi Leit tëscht 20 a 50 Joer Daarmkriibs kréien. Och d’Dr Carole Bauer, Onkologin a Presidentin vun der Fondation Cancer gesäit méi jonk Patiente wéi fréier.

“Et mengt een, et géing dru leien, well eis Alimentatioun an eise Liewensstil geännert hunn. Mir iessen awer vill méi rout Fleesch wéi virdrun, mir iesse manner Fiberen.” Och beweege mer eis manner.

Heelungschancë verbesseren

D’Symptomer - verstoppt sinn, Blutt am Stull, Middegkeet - wiere relativ vag a géifen och dacks réischt a méi engem fortgeschratte Stadium optrieden. Dofir rifft d’Dr Bauer d’Leit op, beim Depistage matzemaachen.

“Well mir wëssen, datt bal all Daarmkriibs, dee fréi erkannt gëtt, ka geheelt ginn. Wat natierlech net d’selwecht ass, wann den Daarmkriibs scho méi grouss ass oder e scho gestreet huet.”

Neien, méi einfachen Test soll Participatioun erhéijen

Déi nei Zilgrupp vu 45-74 Joer kritt eng Invitatioun heemgeschéckt, mat där een online, an der Apdikt oder an engem Bionext-Labo en Testkit ka siche goen, fir doheem eng Stullprouf ze huelen. Den Echantillon ka gratis un de Laboratoire geschéckt ginn. Hei gëtt ënnersicht, ob Blutt am Stull ass. Dat kéint op Kriibs oder e Virstadium hindeiten. Der Erfarung no gëtt an 9% vun de Prouwe Blutt fonnt. Bedeit awer net automatesch Daarmkriibs, erkläert den Dr Thibault Ferrandon, medezineschen Direkter vum Labo.

“Il y a plusieurs pathologies qui peuvent entrainer la présence de sang dans les selles. Donc c’est une première étape qui ensuite emmène à la réalisation d’une coloscopie.”

Mam neien, vereinfachten Testkit a Kommunikatiounscampagnen hofft de Laboratoire, d’Participatioun beim Depistage op 80% ze erhéijen. Daarmkriibs-Preventioun heescht awer och, Verzicht op Alkohol an Zigaretten, manner rout a verschafft Fleesch, dofir awer méi Beweegung a Ballaststoffer iessen.

Al Invitatioune gëllen nach

Zanter dem 1. September ginn d’Depistage-Tester vu Bionext gemaach. Virdrun hate Laboratoires Réunis den Optrag. Dës “al” Invitatiounen aus de leschten 12 Méint bleiwen nach gülteg. Allerdéngs sollten d’Leit sech domadder en Testkit vu Bionext siche goen. Den Test huet nämlech gewiesselt. Dowéinst wäerten och all d’Persounen, déi elo zanter ugangs September nach en Echantillon vum fréiere Laboratoire ageschéckt hunn, automatesch en neien Testkit kréien. Heescht et op Nofro bei der Santé.

Back to Top
CIM LOGO