
Mat 4.775 Ënnerschrëften hat d’Petitioun de Seuil vu 4.500 areecht. Et war keng kontrovers Diskussioun, well am Fong iwwert d’Parteigrenzen ewech all d’Deputéiert Versteesdemech fir d’Uleies vun de Petitionäre gewisen hunn. Sou zum Beispill de Fred Keup vun der ADR.
“Ech hu gesinn, zu wat de Smartphone am Lycée féiert wéi ech selwer Proff war an engem Lycée. Ech wëll Iech ee Beispill soen, wann um 9 Auer de Proff wiesselt a fënnef Minutte keen an der Klass ass, dann ass dat haut sou, datt einfach jiddereen direkt den Handy eraushëlt an eppes anescht geschitt net méi. Effektiv, déi sozial Interaktioun ass net méi do.”
Am kriteschsten huet den David Wagner vun déi Lénk d’Petitioun gesinn. Hien huet sech virun allem dorunner gestouss, datt de Smartphone um ganzen Territoire vun der Schoul verbuede soll ginn, wärend déi Jonk soss permanent mam Handy konfrontéiert wieren. Hien huet de Wee vun engem Verbuet kritesch gesinn, well et ëmmer Weeër derlaanscht géinge ginn. D’Petitionärin Christina Matita huet deem entgéint gehalen, datt et scho vun der Crèche u verbuede wier, datt d’Kanner perséinlech Spillsaache mat an d’Schoul bréngen.
Christina Matita: “On a compris que c’est un moyen de distraction, c’est un moyen de conflicts entre les enfants. Nous on a tous accepté et respecté cette règle jusqu’au primaire, au primaire inclus. Et maintenant au secondaire, qu’est-ce qu’on fait? On laisse le plus distrayant de tous les jouets dans la poche des enfants.”
De Petitionären ass wichteg, datt de Verbuet vum Smartphone national eenheetlech gereegelt gëtt an net vu Lycée zu Lycée verschidden. Op dee Wee schéngt den Educatiounsminister Claude Meisch awer net wëllen ze goen, dat well d’Schoulen deels ganz ënnerschiddlech wieren. D’Lycéeë wiere lo obligéiert, ee Konzept auszeschaffen, dat den Ëmgank mam Handy iwwert dat physescht Verbuet an der Klass eraus reegelt.
Claude Meisch: “Ech ka mer ganz gutt virstellen, datt ee seet, zum Beispill déi éischt dräi Jore guer keen, sou wéi an der Grondschoul an et seet een, dat notze mer guer net, dat huele mer och an de Pausen net eraus, och net an der Kantin, och net an der Mëttesstonn. Ech ka mer awer och virstellen, datt een zum Beispill seet, mir schafen nach Plazen, wou et erlaabt ass a wou et net erlaabt ass. Et ginn och Schoulen, déi soen, an dat kann ech absolut novollzéien, bei eis an der Kantin an der Mëttesstonn soll keen een Handy matbréngen.”
D’Petitionäre goufe vu verschiddenen Deputéiert gefrot, wéi si zum Asaz vun Tablets an de Schoule stoe géingen. Do war d’Äntwert, datt een dat ënnerstëtze géing. Et wier een net géint nei Technologien, mee se misste sënnvoll agesat ginn an et misst garantéiert sinn, datt all Schüler dee selwechten Accès dozou huet.