Drogen a Waff op sechDer Police bekannte Mann gouf no kuerzer Verfollgungsjuegd gestoppt

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt nach eng Persoun, déi mat Droge bei sech erwëscht gouf.
© RTL (Archiv)

De Mann war mat sengem Auto op der N15 ënnerwee an dobäi enger Patrull opgefall. Well de Chauffer vum Won de Beamte bekannt virkomm ass, si si dem Auto nogefuer. si konnte beobachten, wéi verschidde kleng Päck aus der Fënster op der Bäifuerersäit gehäit goufen. Well de Chauffer net op d’Zeechen, stoen ze bleiwen, reagéiert huet, gouf den Auto op der Héicht vu Béiwen ausgebremst.

Dobäi koum et zu engem Zesummestouss, bei deem awer kee verletzt gouf. Am Auto konnte méi Päck mat Droge séchergestallt ginn. An och gouf en Handy, Boergeld an e sougenannte Schlagring fonnt.

De Parquet huet ordonéiert, de Mann festzehuelen an hie koum no engem Rendez-vous beim Untersuchungsriichter an Untersuchungshaft.

Back to Top
CIM LOGO