VatikanDer Visitt vum Poopst um Donneschdeg zu Lëtzebuerg steet aktuell näischt am Wee

RTL Lëtzebuerg
Datt de Franziskus wéinst enger liichter Gripp Audienzen ofgesot huet, wier eng reng Precautiouns-Mesure, sou de Vatikan.

Um Dënschdeg huet de Poopst säin normale Programm absolvéiert mat der Receptioun vun de Bëscheef aus dem Mozambique, déi fir hir Ad-Limina Visitt zu Roum sinn.

Fir Mëttwoch de Moien ass dann d’Generalaudienz vum Poopst op der Péitersplaz och weider fix um Programm.

En Donneschdeg de Moien ass dann den Depart vum Pontifex zu Roum fir d’apostolesch Visitt an der Belsch an zu Lëtzebuerg - kuerz virun 10 Auer lant de Poopst um Donneschdeg um Findel.

RTL bréngt Iech d’Poopstvisitt an Toun a Bild live dee ganzen Dag Heem.

Back to Top
CIM LOGO