D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläertDës Woch: Naturkatastrophen, partiell Sonnendäischtert a Patrizia van der Weken

RTL Lëtzebuerg
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun.
D'Kannaniuuss vum 30. Mäerz 2025
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun.

Ass iech um Samschdeg eventuell opgefall, dass eppes kuerz anescht war bei der Sonn? Et war eng partiell Sonnendäischtert, wat dat ass, erkläre mir iech am Newsblock.

Dës Woch schwätze mir iwwert zwou Naturkatastrophen, nämlech d’Feier a Südkorea an d’Äerdbiewen an Thailand an am Myanmar.

Aner Theme sinn d’Resultater vum Patrizia van der Weken, de Beetebuerger Park, deen elo erëm op ass, de Relais pour la vie an d’Irmche vun Ettelbréck.

An eisem Reportage ware mir bei enger Danzprouf dobäi. D’Trisomie 21 ASBL huet fir hiren Optrëtt geprouft a mir konnte mat den Dänzer an Dänzerinne schwätzen. Virun allem maachen do Persoune mat, déi eng Beanträchtegung hunn.

D’Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.

Wat sinn d’Kannaniuuss?

Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.

Dir fannt dës Emissioun um RTL PLAY

https://play.rtl.lu/shows/lb/kannativi/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/kannaniuuss/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/eis-stemmen/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/kleng-freet-grouss-rtl-kannerreporter/episodes

Back to Top
CIM LOGO