70 Joer sinn zanter der Ouverture vun der Synagog vergaangen an déi liberal jüddesch Communautéit huet dësen Anniversaire e Samschdeg zelebréiert.
Zënter 2009 gëtt et si formell, hire Sëtz ass zu Esch. D’Reformjuddentum geet allerdéngs schonn zeréck op d’Mëtt vum 19. Joerhonnert. Si nenne sech progressiv an existéieren niewent de Judden aus der Stad, déi orthodox sinn.
Si si vum Staat unerkannt – déi Escher awer net. Dës Fuerderung un d’Regierung gouf e Samschdeg widderholl. Anescht wéi bei den orthodoxen, dierf bei de liberale Judden zum Beispill eng Fra Rabbiner ginn. Och ënnert hire Memberen – en Deel kënnt aus der Groussregioun - gëtt et e gewëssent Onsécherheetsgefill wat den aktuellen Antisemitismus ugeet, confirméiert de President vun der liberaler Communautéit vun de Judden David Weis.
Bedauert gouf, dass ausser dem fréiere Buergermeeschter Georges Mischo kee Member vun der Regierung bei der Feier fir de 70. Anniversaire vun der Escher Synagog dobäi war. Nodeems d’Synagog vun den Nazien zerstéiert gi war, gouf se op Initiativ vun der Grande-Duchesse Charlotte nees opgebaut.