Ongewinnte Bild bei der Gëlle FraDëse Weekend kënnt der e Bauerenhaff an der Stad entdecken
Iwwert de Weekend vum 23. a 24. Mäerz 2024 kréien déi Stater Leit d’Geleeënheet, fir sech e konkret Bild iwwer d’Aarbecht op de Bauerebetriber ze maachen.
Bauerenhaff an der Stad (22.3.24)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
An Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg gëtt op der Place de la Constitution – bei der Gëlle Fra – fir déi zwee Deeg e Bauerenhaff vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren” (LLJ) opgeriicht, fir den Interesséierten déi vill Facettë vum Bauerewiese méi nozebréngen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
E Freideg de Mëtteg um 16 Auer war déi offiziell Ouverture, bei där d’Bändchen duerchgeschnidde gouf, dëst a Presenz vu vill Politprominenz.
E Samschdeg an e Sonndeg kann een da vun 10 bis 18 Auer déi verschidden Déiere kucke goen, Informatiounsstänn ronderëm d’Landwirtschaft, Atelieren, grad ewéi regional Produkter entdecken.
Weider Informatioune fënnt een op www.jongbaueren.lu.
Bauerenhaff an der Stad (22.3.24)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.