De Cumul vun den Néierschléi louch och bei plus 69%. Den Iwwerschoss u Reen huet och ewéi et heescht, d’Entwécklung vun der Landwirtschaft gehënnert. Esou konnte Kären a Gromperen zum Beispill eréischt méi spéit geséit oder geméit ginn. De Bulli huet Aarbechten um Land och natierlech méi schwéier gemaach an d’Fiichtegkeet huet Planzekrankheete favoriséiert, esou nach de Landwirtschaftsministère. Wat d’Temperaturen ugeet: déi waren an der Moyenne ëm 1,3 Grad Celsius méi héisch ewéi an der Referenzperiod 1990 – 2020.
Den Héichpunkt, wat d’Reequantitéiten ugeet, war de 17. Mee. Op dësem Fréijoersdag huet et am meeschte gereent an et koum op ville Plazen zu Iwwerschwemmungen. Dem Marc Weiland, Direkter vun der Asta no hänkt et elo vum Mount Juni of, wéi d’Recolte an de Felder ausfält a wei schro duerno d’Pertë wäerten ausfalen. Bis Enn Juni bräicht et elo dreschent a sonnegt Wieder.
E Bilan gëtt elo scho gezunn, well fir d’Meteorologen e Samschdeg de Summer ufänkt. Um Kalenner ass dat eréischt den 20. Juni de Fall. Firwat d’Wiederexperten iwwerhaapt hir eegen Andeelung vun de Joreszäiten hunn, huet eis de Schwäizer Meteorolog Jörg Kachelmann erkläert:
“Das Jahr wird ja in 3 Monatsabschnitte eingeteilt. Also wenn ihr immer sagt, meteorologischer Sommer beginnt am 1. Juni und so, das ist einfach nur die Statistik. Mit dem Wetter hat das eigentlich nichts zu tun. Und für die Einfachheit der Statistik sagen die Meteorologen und die Klimatologen: wir teilen das Jahr in 3 Monatsabschnitte ein und den Frühling nehmen wir einfach vom 1. März bis zum 31. Mai.”
Wéi fält fir de Jörg Kachelmann dann de Bilan fir d’Fréijoer zu Lëtzebuerg aus?
“Das Frühjahr war viel zu warm. Der März war besonders warm und der April und auch der Mai waren um 1 Grad zu warm, wärmer als der Durchschnitt, 2 Grad als der Durchschnitt noch vor 30 Jahren gewesen wäre. Und der März war etwa 3 Grad zu warm. Aber er war zu nass und es gab weniger Sonne als normalerweise.”
Och wollte mir vum Jörg Kachelmann wëssen, wéini mir da mat richtegem Summer rechne kënnen?
“Es wird sicher irgendwann mal Sommer werden. Im Moment sieht man den richtigen Sommer halt schon dadurch, dass es wärmer wird. Über 20 Grad gehen im Juni, aber auch nicht viel mehr als das. Und wir haben eben diesen Risque d’averse, das wird immer noch da sein. Und dass eine richtig stabile Hochdruckwetterlage ist, das ist im Moment weiterhin für die nächsten zwei Wochen nicht in Sicht.”