Vum5. bis de 7. Juli gëtt zu Ettelbréck an den Däichwisen déi 41.Foire Agricole organiséiert.Mat 350 Exposanten ass et en neie Rekord.
Nächst Woch e Freidegkënnt den Ierfgroussherzog Guillaume op Besuch. An iwwer de Weekend gëtt den Hobbykach vum Joer gesicht. Gekacht gëtt mat regionalen a saisonale Produiten.
Wärend dräi Deeg kritt de Konsument Kontakt mam Produzent. Héichwäerteg Liewensmëttel ginn hei am Land produzéiert an déi géifen och grousse Succès kennen.
Och fir d’Schüler aus der Akerbauschoul ass d’Foire Agricole e wichtege Rendez-vous. Hei kréie si Kontakt mat Leit, déi schonn um Terrain schaffen. Si hu souguer d’Méiglechkeet,op dës Manéier deen een oder anere Stage an engem Betrib ze kréien.
Dës Foire wier och degréissten Antigaspi-Evenement hei am Land, esou d’Organisateuren.
D’Foire Agricole ass op vu Freides bis Sonndes. All Dag vu moies 9 bis owes 19 Auer. Déi offiziell Ouverture ass Freidegnomëttes um 16 Auer a Presenz vun der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen.
Méi Informatioune ginn etum Internetsite www.fae.lu
LINK: All d’Fotogalerië vun der Foire Agricole fannt Dir hei.