
Commentaire vum Annick Goerens: Wou ass de Verstand?

De 16. November huet d’RTL-Journalistin Annick Goerens e Commentaire iwwert d’Marche-Blanche-Aktiviste geschriwwen, an deem si der Meenung ass, dass dës Persounen den Debat iwwer d‘Impfungen an d‘Restriktioune aktuell vun enger Stëmm dominéiere géifen.
Hei mécht d’Journalistin och en Opruff un déi aner 80% vun der Populatioun, sech och un dësem Debat z’involvéieren.
De Kloertext: Covid-Demonstratiounen

De 17. Dezember huet de Kloertext fir extrem héich Welle geschloen. Op deem Donneschdeg goung et an der Emissioun “Kloertext” ëm d’Manifestatioune géint d’Covid-Mesuren.
Hei waren et virun allem d’Optrëtter vum Chantal Reinert a vum Jessica Polfer déi fir deels kontrovers Diskussiounen an eisem Forum, awer och soss am Land gesuergt hunn.
Mat dobäi waren niewent dësen 2 Invitéeën och nach de Lou Scheider, den Dr Marco Klop an den Dr Paul Rauchs.
Vun nächster Woch un - Butteker nees op, Restaurante weider zou, Couvre-feu nees vun 23 Auer un

Op der Plaz 3 ass dann en Artikel vum 5. Januar. Och hei war et eng Pressekonferenz vu Bettel a Lenert, déi nom Regierungsrot ofgehale gouf.
Hei gouf d’Land informéiert, dass et e Retour op d’Mesurë vu virum 24. Dezember wäert ginn, dat heescht, dass och all net-essentiell Butteker nees konnten opmaachen, esou wéi Coifferen, Solarium-Studioen, Salons de beauté oder Fitnessstudioen.
De Couvre-feu gouf vun 21 op 23 Auer no hanne verréckelt.

Den 29. November hunn de Premierminister Xavier Bettel an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an enger Pressekonferenz annoncéiert, dass d’Mesuren a Restriktiounen géife verschäerft ginn.
Zu deem Moment war nach net vill iwwert d’Omikron-Variant gewosst, ma d’Regierung huet aus Sécherheet weider Mesuren decidéiert.
Vu Chrëschtdag un - Nei Coronamesuren: Ënner anerem 2G+ a Spärstonn am Horeca-Secteur vun 23 Auer un

Op der Plaz Nummer 1 ass den Artikel iwwert déi rezentste Pressekonferenz vum Xavier Bettel a Paulette Lenert.
Den Omikron wier en neie Moment, dës Variant géing sech rasant verbreeden, dofir goufen d’Covidmesuren adaptéiert. Dat neit Covid-Gesetz mat den neien Adaptatiounen gouf e Freideg gestëmmt, sou dass nees eng Spärstonn am Horeca-Secteur gëllt an zwar vun 23 Auer owes un.
*Gezielt ginn hei alleguerten d’Commentairen, déi bei engem Artikel erakoumen, also och déi Commentairen, déi net publizéiert goufen.