
En Dënschdeg goufen d’Deputéiert an der aussepolitescher Kommissioun vun der Chamber iwwer dës Bedeelegungen an d’Bild gesat.
Engersäits hëllefe Lëtzebuerger Zaldote bei der Formatioun vun hiren ukrainesche Kolleegen. Dat geschitt notamment an Däitschland. Am leschten annerhallwe Joer hu schonns eng 47.000 ukrainesch Zaldoten déi Ausbildung ofgeschloss, weider 13.000 solle bis de Summer bäikommen.
D’Lëtzebuerger Arméi schéckt haaptsächlech spezialiséiert Instrukteren an Domaine vun der sougenannter CBRN-Defense, also allem wat mat cheemeschen, biologeschen an nukleare Waffen ze dinn huet. Och am Deminage an an der Formatioun fir de Sauvetage medical si Lëtzebuerger Instrukteren aktiv.
Dann ass een awer och an der EU-Missioun am Mosambik aktiv. Eenzel Lëtzebuerger Zaldoten, déi awer net permanent do wäerte stationéiert ginn, hëllefen ee bis zwee Mol d’Joer bei der Kontroll vun der Maintenance vu Satellitten-Installatiounen op der Plaz.