
Wéi d'Police schreift, war et den 3. Mee dëst Joer géint 16 Auer op der Kräizung vun der Rue de Rome mat der Rue de Lisbonne zu Mamer zu engem Accident komm. Éischten Informatiounen no war en Auto an e Minibus gerannt, wéi de Bus op der Kräizung probéiert hat, hannerzeg an d'Rue de Rome anzebéien. De Chauffer vum Auto war allerdéngs weidergefuer, ouni nom Schued ze kucken.
Gesicht gëtt no engem mëttelgroussen, schwaarzen Auto mat wäisse Placken.
D'Police sicht iwwerdeem dann nach Zeie vun engem Accident, deen an der Nuecht vum 1. op den 2. Mee geschitt war. Hei war en Auto an der Rue de Windhof zu Käerch an e Luuchtepotto gerannt, dee beim Accident beschiedegt gouf. Och hei war den Automobilist einfach weidergefuer.
An dësem Fall gëtt warscheinlech e Peugeot mat franséische Placke gesicht, wéi d'Police schreift.
A béide Fäll sinn d'Informatioune fir d'Police Kapellen ënnert der Nummer 244 30 1000 oder per Mail u police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu.