EurobarometerD‘Europäer hätte gären eng méi staark a méi onofhängeg EU

RTL Lëtzebuerg
Méi wéi dräi Véierel vun den Europäer si fir eng gemeinsam Defense- a Sécherheetspolitik.

Ënnert anerem dat geet aus dem neisten Eurobarometer ervir. Gutt 70 Prozent vun de Leit sinn der Meenung, dass d‘Unioun hir militäresch Produktioun soll ausbauen. Nieft dem Klima an der Ëmwelt ass de Beräich Sécherheet an Defense och deen Domaine, op deen d‘EU sech mëttelfristeg soll konzentréieren.

Zu Lëtzebuerg fënnt d‘Hallschent vun de Leit, déi gefrot goufen, dass sech déi wirtschaftlech Situatioun zanter dem leschten Hierscht verbessert huet. Gutt zwee Drëttel vun de Leit, déi hei am Land gefrot goufen, sinn optimistesch fir d‘Zukunft vun der Unioun.

9 vun 10 Leit, déi zu Lëtzebuerg beim Sondage matgemaach hunn, fannen, dass d‘EU humanitär Hëllef an der Ukrain soll leeschten an dass Krichsflüchtlingen an der EU sollen opgeholl ginn.

PDF EU-Kommissioun

Back to Top
CIM LOGO