Dat ass d’Press en Dënschdegmoie wärend der Presentatioun vum Joresbilan gewuer ginn.
Den Ament steet dat aktuellt Gebai vun der Deutsche Bank nieft der Nationalbibliothéik, fréier waren niewendrun haaptsächlech Felder. Virun dräi Joerzéngten ass d’Deutsche Bank op de Kierchbierg komm. Allgemeng zu Lëtzebuerg ass d’Entreprise awer schonn iwwer 50 Joer present.
D’Gebai um Kierchbierg gouf vum Prof. Gottfried Böhm entwéckelt. En Architekt, deen op Sakralbaute spezialiséiert war. Dowéinst wier d’Akustik besonnesch gutt. D’Gebai hätt duerchaus Virdeeler an ass natierlech einfach erëmzeerkennen, ma fir weider kënnen ze wuessen, ass en neien, méi moderne Site néideg. Dobäi kënnt, dass 65 Prozent vum Personal zejoert Frontaliere waren, haaptsächlech aus Däitschland. Mam neie Site um Findel dierft sech hiren Trajet däitlech verkierzen. 2026, wann de Locatiounskontrakt um Kierchbierg ofleeft, kënnt d’Deutsche Bank direkt nieft de Flughafen-Terminal an de sougenannte Skypark Business Center. Méi genee an de leschten Deel vum Gebai, ganz riets.
Mat engem neie Site wëll d’Deutsche Bank och d’Wichtegkeet vum Sëtz zu Lëtzebuerg ervirhiewen. Home Office wier zwar wichteg, fir kompetitiv ze bleiwen, mee virun allem muss déi richteg Balance fonnt ginn, fir de Mataarbechter och op der Plaz e gutt Aarbechtsëmfeld kënnen ze bidden.
Wat de Bilan vum leschte Joer ugeet, esou konnt den Netto-Benefice ëm 56 Prozent erhéicht ginn op am Ganzen 291 Milliounen Euro. Fir d’Zukunft gesäit de CEO Deutsche Bank Luxembourg, Frank Rückbrodt, eng grouss Erausfuerderung:
“Ech mengen, dass e ganz, ganz wichtegen Aspekt, dee vun der Attraktivitéit ass. De Site attraktiv halen a jonk Mataarbechter unzéien, dat wäert en Haaptthema fir Lëtzebuerg sinn, esou wéi awer och fir aner Finanzplazen. Dat bedeit, mir mussen all Initiativen ergräifen, fir esou fréi wéi méiglech Talenter ze gewannen. An der Ausbildung, an den Universitéiten awer och op anere Sitte bannent Europa, awer och ausserhalb vun Europa. A mir mussen en Ëmfeld schafen, fir dass dës nei Kolleeginnen a Kolleege sech wuel fillen, séier eng Plaz hei fannen a sech och hei am Land kënnen néierloossen.”
D’Expertise, déi hei am Land opgebaut gouf, soll weider ausgebaut ginn. Wunnengspräisser wieren an all Groussstad en Thema, ma dowéinst wier et ëmsou méi wichteg, fir e gutt Aarbechtsëmfeld ze schafen. Och dozou soll dat neit, méi modernt Gebai um Findel bäidroen.
De Message virun der Press war jiddefalls däitlech: D’Deutsche Bank setzt grouss Hoffnungen an de Site zu Lëtzebuerg a wëll hei weider wuessen.