
Et kéint net sinn, datt de Business iwwert Mënscherechter, Klima an Ëmwelt gesat géif. Dat seet d’Initiativ “Devoir de vigilance” a mécht sech Suerge wéinst rezenten Evolutioune bei der Positioun vun der EU-Kommissioun a punkto Liwwerketten-Direktiv. Mat der sougenannter Omnibus-Initiativ géing d’EU-Kommissioun an déi falsch Richtung fueren. Gefaart gëtt eng Deregulatioun an eng Deresponsabiliséierung
Zejoert krut d’Liwwerketten-Direktiv am EU-Parlament no laangem hin an hier de Feu vert. Zu Lëtzebuerg ass dës nach net an nationaalt Recht ëmgesat.
Mam Omnibus-Virstouss géing d’Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen Reglementer, déi Mol nach net a Kraaft sinn, a Fro stellen an eng Pandora-Béchs opmaachen.
“Si ass amgaangen, liichtfankeg hiren eegenen Erfolleg vum Green Deal eeben op d’Spill ze setzen. Nohaltegkeetsspillreegele sollen opgemaach ginn a sollen iwwerkuckt ginn.”, sou de Jean-Louis Zeien, Co-Coordinateur vun der Initiativ “Devoir de vigilance” deen an der Suite däitlech Wieder fënnt: “Et geet duer mat ‘Business First’ an de Liwwerketten op Käschte vu Mënscherechter, Klima an Ëmwelt.”
Hien erwaart sech, datt Lëtzebuerg e kloert Signal sent a weiderfiert mat der Ëmsetzung vun der Direktiv, an datt concernéiert Firmen hei am Land Mënscherechter respektéieren, an d’Ëmwelt schütze mussen. D’Initiativ “Devoir de vigilance” huet en Transpositiounskatalog ausgeschafft.
Zu Lëtzebuerg gëtt et Héichrisiko-Secteuren: Militärgidder, déi duebel kënne genotzt ginn, Cybertechnologie an d’Pornoindustrie. De Charel Schmit, Ombudsman fir d’Rechter vum Kand erkläert dozou: “D’Pornoindustrie, déi eeben an engem grousse Stil Kannerrechter mëssuecht a wou verschidde vun deene gréisste Bedreiwer hir Finanzarchitektur, hir Finanzabteilungen, hir Entitésjuridiquen och zu Lëtzebuerg hunn.”
De Jean-Louis Zeien betount nach, datt et bei der Direktiv net ëm Kleng- a Mëttelbetriber géing goen, mä ëm Multinationalen. zu Lëtzebuerg wiere ronn 75 Firme betraff.