
D’Eltrona féiert dat haaptsächlech drop zréck, datt ee méi Clienten am Beräich vun den Internet-Abonnementer kritt hätt. D’Zuel vun den Abonnementer ass d’lescht Joer ëm 2.600 op 20.200 geklommen. Erkläerten Zil vun der Eltrona ass et, sech nach méi an deem Beräich ze behaapten.