Zu DiddelengD'Firma John Zink entléisst weider 13 Salariéen

Roy Grotz
D'Firma John Zink zu Diddeleng reduzéiert weider Personal, nodeems ewell viru 7 Joer eng 50 Leit entlooss goufen, gi lo weider 13 Salariéen entlooss.
© RTL Archiv

Doriwwer huet d’Direktioun vum amerikanesche Grupp d’Gewerkschaften OGBL an LCGB informéiert. Fir d’Leit soll e Sozialplang gëllen. Wéi et vun de Gewerkschaften heescht, wéilt een onbedéngt duerch eng Reorganisatioun d’Käschten um Niveau vun der IT an de Finanzen drécken.

D’Gewerkschafte setze sech bei enger Reunioun e Mëttwoch mat der Direktioun dofir an, datt all d’Mëttelen, déi e Plan de Maintien dans l’Emploi bitt, och solle genotzt ginn.

Eleng um Site Diddeleng schaffen eng 230 Leit bei John Zink, enger Fabrick, déi zum amerikaneschen Koch-Grupp gehéiert, deen eng 120.000 Leit zielt.

“Koch Industries” zielt zu de Leaderen um Maart fir Equipementer fir d’Pëtrols- an Chimie-Entreprisen.

Back to Top
CIM LOGO