Ecole d'Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg"D'Flam vun der Schoul ass no 75 Joer nach ëmmer do"

RTL Lëtzebuerg
De 6. Mäerz 1950 krut Lëtzebuerg seng éischt Hotelsschoul. Schonn tëscht den zwee Weltkricher huet een doriwwer geschwat, et ass awer ni eng gebaut ginn.

Well sech den Tourismus dunn awer weider entwéckelt huet, gouf sech awer fir eng Hotelsschoul entscheet. Deemools huet d’Schoul nach Lycée Technique Hôtelier Alexis Heck geheescht, bis den Numm 2018 op Ecole d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg (EHTL) ëmgeännert gouf. Dat louch dorun, dass den Alexis Heck – obschonns hien e lëtzebuergesche Pionéier vum Tourismus war – am Ausland net esou bekannt war.

“D’Flam vun der Schoul ass no 75 Joer nach ëmmer do”
De 6. Mäerz 1950 krut Lëtzebuerg seng éischt Hotelsschoul. Schonn tëscht den zwee Weltkricher huet een doriwwer geschwat, et ass awer ni eng gebaut ginn.

Haut si ronn 400 Schüler am EHTL ageschriwwen a kënne sech an diverse Beräicher weiderbilden. Dozou gehéiert net nëmmen d’Gastronomie, ma et ginn och Formatiounen ënnert anerem am Management, an der Restauratioun an an der Kommunikatioun ugebueden.

Mëttlerweil ass d’Schoul komplett digital. Et misst een innovativ sinn a sech ëmmer weiderentwéckelen. “Hautdesdaags hu mir ganz vill Nationalitéiten am Gebai, knapp 40, do sinn der dobäi aus Thailand, aus arabesche Länner. Dat kënnen och verschidden Iesskulture sinn. Mir probéieren, eis esou gutt wéi méiglech z’adaptéieren. An awer: eng Basis-Gastronomie bleift eng Basis-Gastronomie”, esou den Alain Hostert, Attaché de Direction.

“D’Flam vun der Schoul ass no 75 Joer nach ëmmer do”, esou eng Mataarbechterin.

Och international ass den EHTL aktiv: Um Cap Vert hu si sech engagéiert, fir do eng Hotelsschoul ze bauen, fir dem Tourismus um Cap Vert ze hëllefen.

Back to Top
CIM LOGO