Opklären a sensibiliséierenOptakt vun der éischter nationaler Woch vun der Gesondheet vun de Fraen

Roy Grotz
Am Escher CHEM war e Méindeg den Optakt vun der éischter nationaler "Semaine de la santé de la femme".
© Ministère fir Gesondheet an sozial Sécherheet

D'Devis ass opklären a sensibiliséieren, fir Krankheetssymptomer, déi tëscht Fra a Mann kënne komplett verschidde sinn. E Méindeg goufen et dozou Berodungsstänn am Escher CHEM ëm d'Thema vun de kardiovaskuläre Krankheeten, do wou en Donneschdeg och en Dag ouni Tubak ass.

De CHEM-Direkter weist drop hin, datt et zum Beispill an der Interpretatioun vu Symptomer, bei zum Beispill Broscht-wéi, Divergenzen tëscht Fraen a Männer ginn. An dat kann dann natierlech Konsequenzen hunn.

"Wann een zum Beispill Broschtsschmäerzen huet, oft beim Mann seet een 'ohmei, elo mécht en en Häerzinfarkt'. An dee Reflex huet een awer net ëmmer esou automatesch, wann eng Fra seet: 'oh ech hunn hei wéi'. Déi typesch Zéien an de lénksen Aarm, wat jo ee vun de Symptomer ass bei de Männer, déi relativ klassesch ass, déi Symptomer si bei de Fraen heiansdo e bëssen anescht. Et ass heiansdo net esou kloer asymmetresch, et ass och vläicht déi Beschreiwung vum Wéi. Wou et heiansdo méi einfach ass, bei engem Mann drop hinzeweisen, et ass en Häerzinfarkt, ass bei der Fra heiansdo méi schwiereg. An dofir do ass och Educatioun, Erklärungen, déi néideg sinn, an dat se Saachen, déi da spezifesch missten ausgeschafft ginn, fir déi Symptomer, déi méi oft bei de Frae virkommen", erkläert den Dr. René Metz.

Am Kader vun der Woch vun der Fraegesondheet sinn déi nächst Deeg a ville Spideeler speziell Aktiounen a Stänn virgesinn - de komplette Programm fannt Dir um Site santesecu.lu/femme.

Ervir ze hiewe sinn zwou Konferenzen an der Nationaler Gesondheetsschoul den nächste Samschdeg zu Stroossen: et geet ëm d'Sujete vun der Menopause an der Endometriose. Do soll den Dialog tëscht Spezialisten encouragéiert, mee natierlech och allen interesséierte Leit eng konkret Hëllefsstellung gebuede ginn.

Liest hei den entspriechende Communiqué vum Santésministère

Back to Top
CIM LOGO