Wéinst engem AbrochD'Gemeng Jonglënster war um Donneschdegmoien zou

RTL Lëtzebuerg
Mëttlerweil sinn d'Gemengeservicer awer nees accessibel.

D’Gemeng Jonglënster huet um Donneschdegmoien op hirer Facebooksäit matgedeelt, datt et zu engem Abroch an hir Raimlechkeete komm ass, an d’Servicer dowéinst eng Zäit net accessibel wieren. D’Police huet RTL op Nofro hi confirméiert, datt eng Fënster ageschloe gouf. Ob och Saache geklaut goufen, wier nach net ganz kloer, et géing awer net dono ausgesinn. De Buergermeeschter Ben Ries schwätzt iwwerdeems vun engem éischter klenge Schued, et wier awer Boergeld geklaut ginn. An der Mëttesstonn huet d’Gemeng iwwerdeems matgedeelt, datt se rëm op ass.

Back to Top
CIM LOGO