
Méi wéi 100 Liter Diesel sinn op der däitscher Säit vun der Musel aus engem Passagéierschëff an de Floss gelaf. De Grond ass wuel en techneschen Defekt, confirméiert déi däitsch Waasserschutz-Police.
Dofir huet sech op Héicht vun der Schleis zu Detzem, net all ze wäit ewech vun Tréier, schonn en Ueleg-Teppech um Waasser ausgebreet, ëm dee sech elo vun de lokale Pompjeeë gekëmmert gëtt. Wéinst der Stréimung wier dat awer net einfach.
D'Schëff muss technesch iwwerpréift ginn a bis op Weideres an der Schleis stoe bleiwen, mat den 124 Passagéier u Bord.