CNSD’Gesondheetskeess huet d’lescht Joer en Defizit vun 12 Milliounen Euro verbucht

RTL Lëtzebuerg
D’Reserve vun der Gesondheetskeess geet zeréck op 959 Milliounen Euro, wat däitlech iwwert dem Minimum läit, deen d’Gesetz virgesäit.

D’Zuele wiere staark duerch d’Pandemie gepräägt schreift d’CNS um Méindeg.

Obwuel de Staat eng 386 Milliounen Euro bäigesteiert huet fir nei Depensen duerch de Covid ze stäipen, hätt d’CNS eng Rei Käschte selwer missen iwwerhuelen, ewéi zum Beispill Fraien a Relatioun mat de PCR-Tester oder nach Forfaiten, déi fir eenzel Déngschtleeschter op d’Been gesat goufen.

De Verwaltungsrot vun der CNS huet d’Konte fir 2020 d’lescht Woch guttgeheescht.

PDF: Pressecommuniqué vun der CNS

Back to Top
CIM LOGO