Hecken a Beem befallD'Gespinstmatt mécht sech an der Natur breet

RTL Lëtzebuerg
Ass een an der Natur ënnerwee, gesäit een den Ament eng Aart Spannennetzer an den Hecken a Beem. Dat sinn awer tatsächlech keng Spannen.
© RTL

All Joer am fréie Summer gesäit een dës Fiedem am Gréngs am Gaart oder och laanscht d’Felder. Dës Netzer komme vun de Gespinstmatten. Dës gehéieren zu der Famill vun de Päiperleken.

Am Fréijoer leet d’Gespinstmatt hir Eeër op Äscht a Knospen of. Aus den Eeër entstinn dann normalerweis tëscht Juni an August d’Raupe vun der Gespinstmatt. Eng Larv mat schwaarzem Kapp a gielzegem Kierper. Dës gesäit een dann an dëse Fiedem un de Beem an Hecken hänken.

D’Raupe spannen dëst Netz aus Fiedem fir sech viru Vigel a Reen ze schützen. An dëst schéngt ze funktionéieren. D’Gréngs hänkt momentan nämlech voll dovunner an dat mécht net jidderee frou.

© RTL

Eng richteg Plo

D’Larve vun der Gespinstmatt sinn am Géigesaz zum Eichenprozessionsspinner net geféierlech fir d’Mënschen. An awer kënne se eng richteg Plo sinn. D’Larve friessen nämlech d’Blieder vun de Beem a loossen d’Gréngs am fréie Summer op eemol net méi sou gréng wierken.

Am Laf vum Juni sinn d’Raupen da vollgefriess a fänken un, sech ze verpoppen. Uganks Juli da gëtt aus hinnen d’Gespinstmatt, eng wäiss Matt mat klénge schwaarze Punkten. Dës sicht dann an hirem kuerze Liewen no engem Partner, fir sech fortzeplanzen, leet Eeër a stierft no e puer Wochen. Dat heescht d’Eeër iwwerwantere schonn an de Beem an Hecken a waarde just op besser Temperaturen, fir sech am fréie Summer rëm ze entwéckelen.

© Hans / Pixabay

Selwer dogéint virgoen

Wann een d’Raupen a sengem Gaart mat Zäite gesäit, kann een dës einfach asammelen. Wann de Bam awer scho komplett befall ass, kann ee just nach d’Äscht ofschneiden oder de Bam mam Schlauch ofsprëtzen.

Dacks erkréien d’Beem an d’Hecke sech awer, wann d’Mott bis entwéckelt ass. Wien et also net stéiert, dass de Bam iwwert e puer Wochen net esou gréng ass, dee kann d’Gespinstmatt einfach gewäerde loossen.

Back to Top
CIM LOGO