Heiranner ass festgehalen, dass Gemengen, déi eng gemeinsam Grenz hunn, d’Grenzsteng eemol am Joer kontrolléiere sollen. Zanter iwwer 40 Joer gëtt dëst tëscht de Gemenge Réiser a Zoufftgen gemaach. Mëttlerweil ass dëst allerdéngs méi Spaass a Freed tëscht den Awunner aus béide Gemengen ewéi batteren Eescht.
Freier hunn d’Responsabel vun deenen zwou Gemengen des Aufgab eleng iwwerholl, elo huelen och d’Awunner un dëser Aktivitéit deel.
Op enger Längt vu ronn 2 Kilometer stinn d’Grenzsteng. Op Lëtzebuerger Säit sinn dëst d’Nummeren 156 bis 161