
Wann et ëm den Tourismus geet, ass Lëtzebuerg a sechs Regiounen opgedeelt. Dat sinn: d’Éislek, d’Guttland, de Mëllerdall, de Minett, d’Musel an d’Stad Lëtzebuerg. Wärend ee bei deenen anere 5 Regiounen en zimmlech kloert Bild virun Aen huet, ass dat beim Guttland e bëssen anescht.
Vun Ell am Weste bis Weiler zum Tuer am Südosten. Déi touristesch Regioun Guttland ass zimmlech heterogen. Dat mécht et net méi einfach, fir een eenheetlecht Bild no baussen ze transportéieren. Och wann déi eenzel touristesch Regioune sech net als Konkurrente gesinn, ass et awer wichteg, datt se verschidde Profiller hunn. An et hätt een duerchaus seng Spezifizitéiten, esou déi Responsabel vum Office Régional du Tourisme Guttland, Isabelle Hermes.
“Sief dat am Beräich Vëlo, Wanderen, déi berüümte Vallée des septs châteaux oder all déi aner Schlässer a Buergen, déi mer an der Regioun hunn. Mir hunn och ee räiche réimesche Patrimoine. Mee am Fong dat, wou mir soen, wat eis am Fong eenzegaarteg mécht, ass eise Fokus um Slow Tourismus. Well alles, wat mir ubidden, konzentréiert sech drop, een nohaltegen, doucen Tourismus unzebidden an och d’Leit, eis Gäscht, wierklech ze invitéieren, eis Regioun, hir Awunner an hit Traditiounen ze entdecken.”
Aktuell géing et an der Regioun nach un Iwwernuechtungsméiglechkeete feelen. Potenzial géing et virun allem bei de Gîtte ginn. Et entstinn der zwar aktuell zu Viichten, Käerch, Saeul a Randschelt, ma et géing ee sech wënschen, datt een esou Projeten och op spezielle Plazen a Bëscher realiséiere kéint. Hei misst een Naturschutz an touristesch Entwécklung mateneen an Aklang bréngen. Wat d’Touristen, déi op Besuch kommen, ugeet, ënnerscheet sech d’Guttland iwwregens och vum Rescht vum Land.
“Tatsächlech si mer jo eng Regioun, déi nach e bëssi manner bekannt ass, mir hunn och manner Campinger wéi vläicht aner klassesch Regioune bei eis am Land. Dat heescht och den Undeel un Hollänner ass bei eis net sou grouss wéi an aneren Deeler. Mir hu vill Lëtzebuerger oder Leit aus der Grenzregioun, déi eis Regioun lo mol entdecken, well se déi einfach nach net esou gutt kennen.”
Och wann een op de sozialen Netzwierker present ass, wiere gedréckte Broschüren a Kaarten nach ëmmer ee ganz wichtege Bestanddeel vun der Kommunikatioun mat de Visiteuren.
Fir d’Zukunft schafft een dorunner, d’Schlässer vun der Vallée des sept châteaux besser zougänglech ze maachen. Et wier een och amgaangen, d’Wanderweeër ze iwwerschaffen. Mat de Guttland-Trails, vun deenen et der aktuell néng gëtt, hätt een och eng nei Kategorie geschaaft. Esou séier géif engem op alle Fall net langweileg, esou d’Isabelle Hermes.