Dat war och net esou schwéier, well mer deemools ganz hannen am Peloton waren an et elo awer ëmmerhi bis bei d’Moyenne gepackt hunn.
Et geet ëm dat Digitaalt am Léierprogramm an d’Kompetenz vun de Schüler an deem Beräich, esouwuel an der Grondschoul wéi och an den ënneschte Klassen am Secondaire.
Erkläerten Zil ass et, de Jonken d’Diere vun der grousser digitaler Welt opzemaache mat och de Voleten “Chancen a Risiken”, respektiv kritescht Denken, oder nach Basis vun der informatescher Programmatioun.
Mam digitalen Denke sollen d’Schüler gehollef kréien, komplex Problemer auserneenzehuelen an Deel fir Deel ze léisen. Et wëll een dee Wee och resolut weidergoen, esou den Educatiounsminister Claude Meisch:
“Et bleiwen nach Efforten ze maachen. Mir wäerten dat, wat mir an der Grondschoul gemaach hunn, verdéiwen. Mir mussen Efforte maachen, fir dass mir d’Enseignantë mat op de Wee geholl kréien. Mir wäerten awer och kucken, dass mir weider Contenuë moderniséieren, well och déi digital Welt entwéckelt sech ganz schnell. Virun 3 oder 4 Joer war KI éischter ee Rand-Thema, haut muss et an den Zentrum geréckelt ginn”
Alles dat soll also weider am Enseignement gefërdert ginn. Net just um Niveau vun de Schüler, mä iwwer Weiderbildung och bei den Enseignanten, wou d’Demande och do ass, esou den Educatiounsminister Meisch.